allgemeng informatiounen 

Alles wat dir wëssen musst iwwert wien mir sinn an den Deroulement vum Oppenhalt an der Muppecrèche. 

Dir sidd op der sich no engem deen sech em är Hënn këmmert wärend dir ärer Haaptbeschäftegung no gitt? 

Dier fuert an t’Vakanz an kennt äert Gedéiesch net mat huelen oder wëllt einfach mol eng Vakanz relax ouni Suergen an Stress genéissen ouni Iech Gedanken ze maachen?

 

Är(en) Hond/Katz gouf grad operéiert an brauch extra Fleeg wei Medikamenter, Diät oder einfach nëmmen Rou fir him déi Rehabilitatioun ze garantéieren (z.B. Cageothérapie) 

Dann sidd dir genau richteg an der Muppecrèche. Mir bidden ärem Hond den beschten Komfort un an ginn op all seng Bedürfnisser an. Matt genuch Auslaf an der néideger Erfarung an dem savoir-faire ass all Déier bei ons beschtens opgehuewen an genéisst seng Zäit voll a ganz.

Waat ass den éischten Schrëtt?

  • Wann dir iwwerleet ären Hond/Katz an der Muppecréche anzeschreiwen kennt dir Iech telefonesch oder iwwert WhatsAp mellen. Wann se an t'Dagescrèche oder Hond/Kaazepensioun kommen gëllt dat selwecht wéi fir den Dogwalking.

     

  • Mir stellen Iech froen zu Ärem Hond déi zur puerer Sécherhéet dengen well mir all negativ Erfarung meiden wëllen an mir dofir nëmmen monter Hënn an der Muppecrèche ophuelen déi net aggressiv Traiten hunn oder Dominant sinn, dofir ass och den Testdaag wichteg fir dass mir den Hond kennen léieren an aschätzen kennen. Dëss sinn déi prealabele Konditiounen fir t'Muppecrèche ze integréieren an den A/O fir dass mir sécher sinn dass t'Hënn an t'Kaatzen eng flott Zäit hunn an ëmmer rëm voller firfreet bei ons zréck kommen. Dëst gelt NËMMEN fir ons néi Clienten an och NËMMEN fir t'Hënn.

Générell Conditiounen/
Payement

  • Wichteg ass, dass dir mir bëssen dem Hond/Katz säin Charakter beschreift fir dass ech den Hond sou gutt wéi aschätzen kann. Wann den Testdag gutt verlaf ass an den Hond sech gutt am Ruddel integréiert huet ass hien offiziell ee Member aus der Muppecrèche an ass ëmmer heatzlech wëllkomm.

     

  • Eppes Wichteges ass Pünktlechkeet an Kommunikatioun. Falls een mol Verspéidung huet oder ze fréi ass w.e.g ëmmer am viraus Bescheed soen. Dëst ass wichteg fir ons Organisatioun an der Muppecrèche. Ons Dieren ginn Moies um 06:30 op an ginn Owes um 18:30 zou.

     

  • Wann den Proprietär net virun 19:00 owes do ass bléift den Hond bei ons an der Muppecrèche bis den nächsten Dag an kritt dann och den hallwen Dag dobäigerechent an deem Fall. Dëst ass einfach fit ze evitéieren dass t'Léit heefeg ze spéit kommen an mir och kennen zu Rou kommen. Fi all annulatioun muss au moins den Owend firdrun bescheed gesoot ginn. Wann net, verrechnen mir en normalen Tarif. Merci fir t'Verständnis.

     

  • Bezuelt gëtt ëmmer am viraus entweder via Virement oder Cash. All Client kritt vun ons eng Facture ausgestallt wou genau drop steet wéi laang den Hond, t'Katz,.. do war an gett signéiert vun ons.

Waat erwarden ech vun Iech als Meechter?

  • Dagescréche/Hondspensioun:

  • Fudder mat bréngen (eng Ëmstellung ass net gutt fir den Hond an soll also dat Fudder kréien wat en vun Doheem aus gewinnt ass) wei z.B: Croqueten, Naassfudder, Barf,...

  • Passport / Carnet de vaccination, Medikamenter (wann néideg),..

  • Liblings Kierfchen (fakultativ) / Decken / Kämmbiicht

  • Spillsaachen keng mat bréngen (wann jo, op eegen Garantie;-))

En frouen Mupp ass fir ons daat wichtegst!

  • Ech stiechen mäin ganzt t'Heaz an meng Hondspensioun an all meng trei Clienten wëssen dass ech t'Hënn alleguer t'selwecht wéi meng eegen behandelen an dass bei mir t'Wuel vum Déier op alleréischter Platz steet. Voller freet an der Muppecrèche wou Mupp an Katz am léifsten hi geet!