• Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon

yara's Petcare sarl-s

Mat voller freet an

Hallo! Mäin Numm ass Yara. Ech hunn 22 Joer an sinn en voll passionéierten Déierefrënd. Meng ganz Kandheet hunn ech am allerléifsten um Bauerenhaff gespillt an hat ëmmer nëmmen Aen fir alles wat sech beweegt huet. Op Hënn, Katzen, Päerd oder och kleng Déieren ewéi Miechwengecher, Huesen, Mais,... Am Ufank hunn ech dëst als Hobby gemaach an wärend menger Fräizäit den Leit hier Hënn versuecht. Matt der Zäit hunn ech mer dunn geduecht, firwat net mäin Hobby zum Beruff maachen? Ech hunn decidéiert eng Déierepensioun opzemaachen nodeems ech realiséiert hunn wat mech wierklech frou mëscht an ech mäin ganzt Hertz an Léift an t'Muppecrèche stiechen. Wann t'Clienten frou sinn a wann se t'Hënn sichen kommen där ganzer Freed no ze kucken kann ech soen dass ech déi schéinsten Aarbecht op der Welt hunn. Mäin Job ass et Äre Muppe/Katzen,.. zu deenen glécklechsten ze maachen an daat ass fir ons daat aller wichtegst!

iwwert mech

 

press to zoom

press to zoom

press to zoom

press to zoom
1/3

Op waat Léen mir wäert?

Dat wichtegst ass, dass den Hond sechwuel fillt an dëst och bei ons ausstralt, sech geschat fillt an entspaant bei Iech zeréck kënnt.
 

Den Déieren soll et un näischt feelen.
Si ginn bei ons behandelt wéi wann et ons eegen wieren, lafen fräi ronderëm an ginn net an Zwinger gehale. Mir hunn en groussen Gaart wou se all Dag spillen kennen an vill Zäit mat hinnen verbréngen. Ech ginn mat den Hënn an Gruppen spadséieren an t'Natur an probéieren gären ëmmer rëm nei Weeër aus sou dass fir si ni langweileg gëtt.

 

Fir déi Hënn déi méi Auslaf/Opmierksamkeet brauchen maachen ech déi passend Aktivitéiten an déi di keng Loscht hunn mat ze maachen  an dat villäicht manner brauchen kenn déi Zäit relaxen. Fir all t'Déieren ass natierlech ëmmer déi néideg Léift an Leckerlien dran déi Si brauchen sou dass et sech fir t'Déieren wéi doheem ufillt. All Déier gëtt mat léift gefiddert, gespillt, gekrault an alles anert wat et brauch fir Monter ze sinn déi Zäit wou se an der Muppecrèche sinn.​
 

All Openthalt vum Déier an der Muppecrèche ass vu Zäit zu Zäit aneschtwell mir aus allen Regiounen vum Land verschidden Hënn a Kaaze zesummen kommen sou dass vill Frëndschaften entstinn op 4 Been, et ni langweileg bei ons gëtt an dat ëmmer mat 100% Respekt, Positivitéit an Léift.​

 

YARA'S PACK (Louie, Milou, mali, Diego, Peanut)

All rights reserverd ©